Safe from Harm

Léif Memberen,

Verschiddener vun iech hunn eis vun eisen Interventiounen e Feedback ginn. Dësen hu mir eis ze Häerz geholl an hunn an de leschte Méint fläisseg geschafft.

Ee Feedback war, datt et net ëmmer kloer ass, wéi a wéini een un eis kënnt. Dohier hu mir de Kontaktwee vereinfacht an eng kleng Illustratioun draus gemaach. Dës Illustratioun kennt dir gären un är Memberen an hier Eltere weiderleeden.
https://acrobat.adobe.com/id/urn:aaid:sc:EU:5f2c58a9-40f5-49eb-af10-06d2e2296540

En anere Punkt dee mir an Ugrëff geholl hunn si Mini-Formatiounen. Mir bidden ab Februar 2025 e puer Owender zu verschidden Themen un. 2 Owender betreffen Ufroe vu WOSM an 2 Owender sinn Themen déi méi praktesch orientéiert sinn. Lass geet et den 13/02/2025 um 19h19 mat engem WOSM-Owend an der Géisserei. Dann si mir mam 2. WOSM-Owend den 19/03/2025 zu Beckerich am Chalet vum Grupp Mahatma Gandhi. De 24/04/2025 si mir erëm an der Géisserei dës Kéier mam Thema Wat spackt deen erëm? Kommunikatioun an der Chefekipp/Grupperot.
https://acrobat.adobe.com/id/urn:aaid:sc:EU:51302b8c-0d6b-4309-a1a6-1eec60b9baff

Deen leschten Datum ass de 06/05/2025 mam Thema Schlofen, kacken, Iessen – Wieso, weshalb, warum? Wien brauch wat wéini? Hei ass nach net sécher wou mir sinn.
https://acrobat.adobe.com/id/urn:aaid:sc:EU:91e75cba-bf30-4daa-860a-1a145b42bfd5

WOSM huet e puer Ufuerderungen un déi national Verbänn. Enner anerem wëll WOSM datt all Erwuessene Member, deen a Kontakt mat Mannerjäregen ass, e Backgroud Check gemaach kritt. Hei wëlle mir gäre mat iech zesumme kucken, wéi dat ausgesi kéint. Wat ass fir iech wichteg, datt gekuckt gëtt a wou kéint ee wat nofroen? En aaneren Punkt ass, datt all Verband e Code de conduite huet wéi Erwuessener ënnerteneen an Erwuessener mat Mannerjäreger ëmgoe sollen. Och hei ass eis ären Input wichteg. Wat soll an dee Code drakommen? Solle mir der 2 maachen, oder kann een dat och regroupéieren. Béit Ufroe betrëfft jidderee vun eis. Dohier wëlle mir datt jidderee Méiglechkeet huet, seng Meenung anzebréngen. Falls elo deen een oder aneren net kann derbäi sinn, kann e gären eis seng Meenung mailen.

Beim Thema Wat spackt deen erëm? erkläre mir e bësse wéi eng Kommunikatiounsméiglechkeeten et ginn a wéi ee matenee kommunizéiere kann, dëst haaptsächlech an enger Chefekipp oder an engem Grupperot… Hei hutt dir awer och Méiglechkeet är Froen ze stellen, oder Beispiller mat ze brénge fir datt mir zesummen driwwer diskutéieren.

Schlofen, kacken, Iessen – alles Saachen déi jidderee vun eis mécht. Just eben anescht. Bedürfnisser vun engem Biber sinn anescht wéi déi vun engem Wëllefchen. Et sinn och Biber a Wëllefcher déi hei am
Fokus stinn. Mir kucken zesumme wie wat braucht a wie wat maache kann. Fir datt et net nëmmen theoreteschen Input ass, kennt dir z.B. e WE-Planing matbrengen, fir datt mir zesumme kucken, ob deen de Bedürfnisser entgéint kennt. Falls dir elo Froen hutt, oder eis gären en Thema proposéiere wëllt, maacht eis einfach e klenge Mail.

Mir freeën eis iech op engem vun eisen Owender ze gesinn.

Lénks Patt
SfH- Ekipp