Treffen mat de fréieren Aumônieren an AS um Neihaischen

Den 19. November hat den AG A&R d’Geleeënheet, seng Aarbecht de knapp 25 Uwiesenden méi no ze bréngen.

Dëst huet ons d’Méiglechkeet ginn, a flotte Gespréicher Erklärungen ze ginn, wéi mir schaffen, wou mir mëttlerweil stinn a wéi et mëttelfristeg och soll weidergoen.

Duerch deen Austausch krute mir och nei Impulser, déi ons hëllefen, ons nächst Schrëtt ze plangen.

Den Owend gouf duerch eng Meditatioun an der Kapell agelaut, a bei engem Maufel an engem Patt huet en säin Enn fonnt.

Hei e puer Fotoe vun deem Owend.

Ender