Reservatioun Tour Malakoff

Den Tour Malakoff ass Mëtt 19. Joerhonnert gebaut ginn. Ee war en Deel vun der Festung an der “Unterstadt Clausen”.

Den Tuerm stoung vun Ufank vun den 30er Joren u fir d’Scoute vun der FNEL an Lëtzebuerger Scouten zur Verfügung. 2015 huet de leschte Grupp d’Gebai verlooss. Dunn huet de SIL (Scouting in Luxembourg) eng Demande bei der Administration des bâtiments publics fir d’Renovatioun vum Tuerm gemaach. 2023 waren d’Aarbechten ofgeschloss an de Tour Malakoff steet rëm de Guiden a Scouten zur Verfügung.

  • Den Tour kann nëmme vu Guiden a Scoutsgruppe vun deenen zwee Verbänn FNEL an LGS gelount ginn.
  • Ee bitt Plaz fir 12 Persounen.
  • Wéinst verschiddene baulechen Eegenheeten kann den Tuerm just vu Persounen iwwer 14 Joer benotzt ginn.

Weider Informatiounen a d’Reservatioun fannt dir hei: sil.lu/tour-malakoff oder chalets.lgs.lu/tour-malakoff

Kontakt: tour-malakoff@sil.lu