Zënter Kongress 2022 gëtt et déi LGS-App. Dat freet all Cheftaine a Chef, well si hir Formatiounen a Chefkaart all Moment um Handy kënne kucken.
Dat war en innovative Schrëtt an d’Richtung vun der Digitaliséierung. Dëse Schrëtt huet och am Fonctionnement vun den Ernennunge Konsequenzen. Et ass elo méi einfach ginn eng Ernennung duerch d’Paddelen, déi op engem Checkpoint Eventer gesammelt gi sinn, z’erneieren.
Elo hu mir déi éischt bal 2 Joer vum Checkpoint System hannert eis. Fir de System besser ze verstoen, gouf en Organigramm opgestallt. Dësen Organigramm fënnt een op verschidde Plazen um Site:
Wann s du nach Froen dozou hues, mell dech gär op formatioun@lgs.lu.