Ëmfro Masteraarbecht – Scouts Chaleten zu Lëtzebuerg

Hallo, mäi Numm ass Delphine Lambert an ech studéieren Architektur am Master zu Bréissel.

An menger Masteraarbecht geet et em dorëms d’Architektur vun eise villen Scoutschaleten zu Lëtzebuerg ze verstoen, an ze kucken, wei si eis bei eisem Scoutismus ënnerstëtzen d’Valeuren ze vermëttelen, a wéi de Chalet déi Valeure incarnéiere kann.

Mäin Ziel ass et duerch är Hëllef, all eis Chaleten esou gutt wei méiglech kennen ze leieren, fir déi gesamt Architektur besser kënnen ze erklären. Am Moment gëtt et nach keng Literatur iwwert eise groussen, villfältegen architektonesche Patrimoine.

Als Fortsetzung vun der Masteraarbecht wäert ech alles wat dir mir gehollef hutt ze leieren, an e Guide ëmwandele fir d’Zesummenaarbecht tëschent de Scoutsgruppen, den Architekten an de Gemenge bei all eisen zukünftege Bauten a Renovatioune vu Chalet beschtens ze ënnerstëtzen.

Wann dir cool Fotoen vun ärem Chalet hutt, dann kennt dir mir dei gären op <delphine.lambert@ulb.be> schecken.

Ëmfro op Google Forms

E grousse Merci am viraus,

Lenks Patt,

Delphine