Etude Iwwer Jugendaarbecht zu Lëtzebuerg

Du bass Chef bei den Avex, CaraPio oder RaRo? Da kéint dech dës Etude interesséieren!

PYL (Perspectives on Youth Work in Luxembourg) ass eng Etude déi am Numm vum MENJE op der Uni.lu duerchgefouert gëtt.

“Wat ass Jugendaarbecht? Wat soll se maachen? Wat sinn hir Aufgaben?”

Et geet drëms ze kucken, wéi d’Acteuren aus der Jugendaarbecht zu Lëtzebuerg dëse komplexen Handlungsberäich an hir Aarbecht versti an interpretéieren. Zil vun der Etude ass et Jugendaarbecht esou praktesch wéi méiglech mat senge Funktiounen a Servicer, awer och mat hire Méiglechkeeten an Erausfuerderungen ze beschreiwen. Dofir solle Perspektiven, Iddien an Astellungen analyséiert a zesumme bruecht ginn, fir eng praktesch Definitioun vu Jugendaarbecht ze kreéieren.

Wanns s du Chef bei den Avex, CaraPio oder RaRo bass, an du dech fir déi anonym Etude interesséiers, da fënns du weider Informatiounen op der Homepage:

Perspectives on Youth Work in Luxembourg (PYL)