Drogekoffer vun den LGS

Den Drogekoffer vun den LGS ass e pedagogesche Koffer mat informativem a prakteschem Material fir d’Theema: „Ëmgang mat legalen an illegalen Droge bei den LGS“ mat de Jonken ze thematiséieren.

Dir fannt eng kéier informatiivt Material, zum gesetzleche Kader vun deene verschidden Drogen an eng Richtlinn, déi iech Méiglechkeete weist, wéi dir mat Alkohol, Tubak etc. ëmgoe kënnt a wéi eng Reegelen dir iech an ärem Grupp kënnt ginn.

Zousätzlech ass de Koffer mat villen prakteschen an interaktive Methoden voll gepak, fir mat ären Jonken iwwert Drogen, Sucht a Präventioun ze schwätzen an si ze sensibiliséieren. D’Methode solle Spaass maachen, d‘Diskussiounsfreed ukuerbelen an dobäi d’Liewenswelt vun de Jonke berücksichtegen. Ziel ass et d’Resilienz vun de Jonken ze stäerken, ënnert anerem doduerch, dass si sech hire Bedürfnisser bei kloer ginn an esou Kompetenzen am Ëmgang mat Drogen entwéckelen.

De Koffer ass fir Jonker ab 14 Joer a funktionéiert am beschten an engem Grupp vun 10-25 Jugendlechen.

De Koffer ass esou opgebaut, dass dir selwer entscheede kënnt, wéi eng a wéi vill Methoden dir duerchféie wëllt.

Dir kënnt de Koffer iwwer de Formulaire vun de pedagogesche Kofferen (chefbox.lgs.lu/desk/reservatioun-ped-kofferen) oder beim Liz (liz.feinen@lgs.lu )an der Géisserei ufroen.

Fir de Koffer ausléinen ze kënnen, muss dir un der Formatioun „Ëmgang mat legalen an illegalen Drogen“ déi zesumme mat der CNAPA bei eis ugebuede gëtt, Deel geholl hunn.

Wann dir nach net un der Formatioun deel geholl hutt, proposéiere mir iech alternativ, virum Ausléinen, zesumme mam Liz ze kucke wéi dir de Koffer an ärem Grupp asetze kënnt.

Bei all weider Froe kënnt dir iech natierlech och beim Liz mellen.