De Jugendrot ass den Daachverband vun de lëtzebuerger Jugendorganisatiounen. Seng iwwert 30 Memberorganisatiounen (politesch Parteien, Scouten, Gewerkschaften, Studentevertrieder, Jugendveräiner, …) sinn an den ënnerduerchschnëttlechen Beräicher vum Jugendsektor aktiv. Als privilegéierten Uspriechpartner gëtt de Jugendrot vu Ministèren an aneren institutionellen Acteure vu Jugendtheme consultéiert a setzt sech aktiv fir d’Interesse vun der lëtzebuergescher an europäescher Jugend an. Méi Infoe fënns du hei: CGJL – de Jugendrot – National Youth Council of Luxembourg
Wat maachen d’Representantë vun den LGS am Jugendrot?
D’LGS schécken een/eng Haaptrepresentant(e) a bis zu zwee Suppleant(e)s als Vertrieder beim Jugendrot. Als LGS kandidéiere mir all Assemblée Générale fir an de Bureau Executif ze kommen; dat ass de Verwaltungsrot vum Jugendrot deen +/- eemol de Mount zesumme kënnt. Zousätzlech kann een sech och nach an Aarbechtsgruppen engagéieren, wéi z.B. am “Team International” (Participatioun un europäesche Konferenzen, Kooperatioun mat eisen europäesche Pendanten, …) oder am “Team National” (Organisatioun vun Table-Ronden, Jugendkonvent an der Chamber, Entrevue mat politeschen a gesellschaftlechen Acteuren, …). Dat ass awer keng Mussesaach, et kann een sech souvill engagéiere wéi een Zäit zur Verfügung huet.
Firwat solls du dech melle fir d’LGS am Jugendrot ze vertrieden?
De Jugendrot ass eng super Plattform fir engagéiert Jonker vun aneren Organisatiounen ze begéinen, mat hinnen auszetauschen an zesumme Projet’en op d’Been ze stellen. Et ass och eng flott Geleeënheet fir sech gesellschaftspolitesch z’engagéieren ouni mussen an eng Partei anzetrieden. Et kritt ee vill Geleeënheeten mat interessante Persounen (Politik, Gesellschaft, Kultur, …) a Kontakt ze kommen an d’Doleancen vun der Jugend un si runzedroen.
Wou solls de dech mellen?
Wann s du tëscht 16 an 30 Joer jonk an interesséiert bass, da schreif einfach eng Mail un jugendrot@lgs.lu. De Charel MAJERUS an de Basile DELL, eis aktuell Représentantën, mellen sech da bei dir. 🙂