LGS Shop – Foularden & Uniformen

Foularden

Den Ament hu mir Problemer mat de Foularden.

De Projet, eis Foularden am Senegal bei eiser ONGD fabrizéieren ze loossen, kënnt wéinst grousse Qualitéitsproblemer leider net esou richteg vun der Plaz.

Vill vun iech hu jo schonns eng kéier sou ee Foulard kaaft oder am Grapp gehat an hu, mat Recht, reklaméiert. Well mir d’Hoffnung net opginn hunn, hate mir nach eng kéier nei Echantillone vun alle Foularde bestallt, déi leider och net onsen Uspréch entspriechen.

Doropshin hu mir decidéiert fir fir d’Foularden een neie Liwwerant ze sichen, wat allerdéngs net sou einfach war. Mir denken, dass mer awer eng Léisung fonnt hunn a bis spéitstens d’Summercampen nees Foularde fir all Branchen disponibel sinn. D’Delaie fir Offeren an Echantillonen ze kréie sinn aktuell zimmlech grouss. Da kënnt d’Produktiounszäit nach dobäi.

Momentan hu mer Rupture de Stock bei Biber-, Wëllefchers- a RaRo-Foularden. Bei de Cheffoularden geet de Stock esou lues op en Enn.

Uniformen

Uniforme sinn elo nees an alle Gréissten, vun 3XS bis 4XL, am LGS-Shop by Lessure op der Gare ze kréien. Een zweete Shop zu Nidderaanwen misst bis de Summercamp och seng Dieren opmaachen.