Léif Cheftainen a Chef,
Am Kader vun der Lëtzebuergescher Presidence vum Conseil de l’Europe 2024-2025, well de Service Jeunesse vum MENEJ (Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse) a Kollaboratioun mam BTS Cinéma et Audiovisuel vum Lycée des Arts et Métiers, un Hand vun Interviewe mat Jonken, ee Kuerzfilm produzéieren deen d’Villfältegkeet an Diversitéit vun de Jonken zu Lëtzebuerg duerstelle soll.
Wiers du bereet een Deel vun dësem Projet ze ginn?
Den Opruff ass un all déi Jonk tëscht 12 an 30 Joer geriicht. Wann s du, oder och ee vun denge Scouten, interesséiert bass un dësem Projet deelzehuelen muss du d’Fiche d’inscription ausfëllen an ënnerschreiwen. Dës muss du da bis spéitstens de 24. November 2023 un d’Madamm Joan Weber (joan.weber@men.lu) an als Kopie un den Här Roy Ostrowski (roy.Ostrowski@men.lu) schécken.
Falls du dech beim MENEJ gemellt hues, dann informéier wgl och de Verbandssekretariat (sekretariat@lgs.lu).
Déi Persounen déi zeréckbehale ginn, wäerte vum MENEJ esou séier wéi méiglech kontaktéiert ginn, fir iwwert d‘Suite vum Projet of ze schwätzen. Dee Moment ginn och all d‘Formalitéite (droit d’Image et de la voix, ggf. vun den Elteren z.B.) gekläert.
D’Donnéeë vun deene Leit déi net zréckbehale goufen, ginn dann och neess geläscht.
Fir eventuell weider Froe kënnt dir iech bei folgender Adresse beim Ministère mellen:
Joan WEBER (Employée A1 – Stagiaire)
LE GOUVERNEMENT DU GRAND-DUCHÉ DE LUXEMBOURG
Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse
Direction générale du secteur de la jeunesse – Service de la jeunesseTél. : (+352) 247-35278
E-mail : joan.weber@men.lu