scouts4refugees@lgs.lu organiséieren zesumme mat der Croix Rouge de 17 Dezember 2023 erëm e grousst Chrëschtfest an de Refugies Foyéen. Fir esou een Erfolleg wéi d’lescht Joer ze hunn, brauche mir nees eng Kéier lokal Gruppen déi äis erëm Kichelcher baken, déi mir da kënne mathuelen. Schreift äis wgl. op scouts4refugees@lgs.lu
Mir sichen och nach jonk Scouten 18-99 Joer, déi sech äis uschléissen an 1 mol am Mount mat äis eng flott Aktivitéit fir Refugiéen ubidden.
Weiderhi siche mir och nach lokal Truppen, déi ee Sonndeg vum Joer mat äis zesummen eppes fir d Refugiéen an ärer Uertschaft organiséieren. Mir iwwerhuelen all Fraisen, och äert Iessen. Méiglech sinn, de 17. Mäerz, den 21. Abrëll, den 12. Mee, de 16. Juni, de 14. Juli an de 4. August
Abonéier Instagram oder Facebook Säit.
D’Versprieche setzt eng konkret Gemeinschaft viraus, déi versprécht, datt deen Eenzelen:
eng Hëllef kritt säi Wee ze fannen a Sënnfroen ze stellen
Vertrauen entgéintbruecht kritt
Aktivitéiten an Erfarunge mécht, déi e weiderbréngen a wou e séng Fähegkeete kann entdecken
gutt Frënn fënnt, wiz et zu flotten a wichtege Gespéicher kënnt, déi hien als Jugendlechen op séngem Wee weiderbréngen
e partizipative Geescht erliewt
Cheftainen a Chef, wéi och Kolleege begéint, déi Zäit hunn, fir op hien ze lauschteren (Baden-Powell: ‘ask the boy, the girl’)
däerf Feeler maachen a versoen
D’Cheféquipe ass Begleeder a Beroder vun deene Jonken. Kee Contrôleur. Wann also opfällt, dass een säi Verspriechen net anhält, da soll de Chef dat uschwätzen. Awerr am Sënn vu “Wéi kann ech dech ënnerstëtze fir dass et besser geet?” “Wat fäéét der schwéier?”
Eng flott Iddi: wann déi nei hiert Versprieche virbereeden, erënneren déi “grouss” sech un hiert Verspriechen a maachen e klenge Bilan vun hirem Verspriechen.
Froen:
Wat huet gutt geklappt vun deem wat ech mir virgeholl hunn?
Wou muss ech nach u mir schaffen?
Als Zeeche vun dësem Bilan kënnen d’CaraPio sech entscheede fir de Badge vun der Wandrous.
Wanns du dech wëlls weiderbréngen, da setz der d’Lat net ze niddreg. Et soll ee sech orientéieren un deem, wat ee gutt kann. D’Zil ass d’Fro “Wou wëll ech mech weiderentwéckelen?”
D’Verspriechen ass e wichtegen Deel vum perséinleche Fortschrëtt. D’Guide / Scoutsmethod hëlleft deene Jonken ob hirem Wee weider ze kommen / sech weider ze entwéckelen.
D’Verspriechen hëlleft deem Jonken derbäi säin Zil ze definéieren.
An all Branche huet dee Jonken d’Méiglechkeet fir e Verspriechen ze maachen, op deem Entwéckelungsstand wou hie grad ass.
All Jonken probéiert säi Bescht ze maachen, je no séngen eegene Méiglechkeeten. Hie versprécht dëst als Mënsch, deen nach an der Entwécklung ass. Och beim Versprieche gëlt “learning by doing”. De Jonken dierf Feeler maachen an sech doduerch weiderentwéckelen.
Wann de Moment do ass, proposéiert d’Cheféquipe de Memberen aus hirer Unitéit fir hiert Verspriechen ze maachen. D’Guide / De Scout entscheed selwer ob hatt / hien dozou bereet ass.