Umeldung fir den Online-Kanudag 2020

  • Léif Cheftainen, léif Cheffen

    Aktuell klammen d‘Zuele vu Fäll mat Covid19 an d’Restriktioune fir Gruppenaktivitéite si verschäerft ginn. Et ass net kloer, wéi sech d`Situatioun bis September wäert weider entwéckelen.

    Fir ze garantéieren, datt de Kanudag dëst Joer ka stattfannen, hu mir eis, a Récksprooch mam Formatiounscommissaire, dozou entscheet, de Kanudag als Onlineversioun ze organiséieren. Konkret bedeit dat, datt s du virtuell u verschidde Workshoppen deelhuele kanns.

    Fir de Kader méi ofwiesslungsräich ze gestalten, fënnt dat ganzt interaktiv als Actionbound statt ( Erklärung Actionbound). Iwwert eng App kanns du dorun deelhuelen. Dat eenzegt, wat s du dofir brauchs, ass ee Smartphone oder Tablett.

    Du hues de Choix tëschent zwee verschidden Actionbounds mat jeeweils 4 Workshoppen. Wann s du um Kanudag un deene 4 Workshoppen deelhëls, kriss du 3 Paddelen.

    De Kanudag ass gratis.

    Wann s du de Formulaire ausgefëllt hues, kriss du eng Bestätegungsmail mat Detailer. Fir weider Froen oder falls d‘Mail net bei dir ukomm ass, mell dech w.e.g. beim Marlen oder Cathy!

  • Beschreiwung Rallye A

    Workshop: Fairtrade Lëtzebuerg

    Mat dësem Atelier wäerten d'Participanten hire Kleederkonsum a Fro stellen an hir Kenntnisser an dësem Beräich verdéiwen. Vu wou kommen eis Kleeder? Wien stellt d'Schong, d'Poschen an d'Accessoiren hir, déi eise Kleederschaf iwwerfëllen? Mir wäerten zesumme versichen Äntwerten zu dëse Froen ze fannen a ginn de Participanten en Abléck op dëst dacks vergiesst Beräich.

    Workshop: Dateschutz richteg verstoen vum Max Stebens a Pol Wagner

    Wat däerfe mir a wat net ?
    Säitdeem Wierder wéi Dateschutz a GDPR am Ëmlaf sinn, fäerte vill Leit fir iergend eppes ze maachen a fillen sech onsécher. An dësem Workshop gi mer op den Alldag am Grupp an a wourop een oppasse soll, ouni andauernd fäerten ze mussen am Prisong ze landen.

    Workshop: Outdoor-Escape-Game Wëllefchers-Ekipp

    An eisem Workshop hëls du un engem Outdoor-Escape-Game deel. Matbréngen solls du Virwëtz, Spaass u Rätselen an däi Smartphone. Los dech iwwerraschen! Fir all Branche!

    Workshop: Landart vun der EAS-Ekipp

    Konscht an a mat der Natur
    Duerch Kreativitéit mat Naturmaterialien setze mer ons mat Spiritualitéit ausserneen.

  • Beschreiwung Rallye B

    Workshop vun Youth4planet Luxembourg

    In einem kurzen Einstieg lernt Ihr die Grundlagen zum Filmemachen mit dem Smartphone und zum Storytelling kennen. In Kleingruppen bearbeitet Ihr kleine Aufgaben zum Thema "Jeden Tag eine gute Tat", die Ihr filmisch festhaltet. Aus allen Clips wird im Anschluss an den Kanudag ein Kurzfilm produziert.

    Workshop vun der ONGD Guiden a Scouten fir ENG Welt

    Atelier zum Thema: nohalteg Entwécklungsziler SDGs a méi speziell den N°4 - Recht op Schoul. Verschidde Spiller.

    Workshop: Stëmmbildung fir de Chef vu Claire Zwick aus dem Péitenger Grupp

    Ihr habt viel gelacht, gesprochen, gesungen und Späße gemacht?
    Die Aktivität war aufregend und laut, jetzt hast du das Gefühl deine Stimme ist angeschlagen und wird heiser?
    Du willst lernen deine Stimme richtig einzusetzen?
    Dann bist du bei uns genau richtig.
    Bei uns kannst du lernen das Beste aus deiner Stimme rauszuholen.
    Wir geben dir Tipps und Tricks an die Hand, wie du das nächste Lager zumindest stimmlich gut überstehst!

    Workshop: Upcycling vun der Biberekipp

    Tetrapäck, Dousen, Toiletterulloen a Plastikskëschten... wien kennt net déi üblech Kichenoffäll op engem Summercamp oder engem Weekend? Am Chalet sti Schief voll Bastelmaterial wat nëmme seelen benotzt gëtt a Plaz ewech hëlt fir flott a virun allem nohalteg Spiller a Materialien, déi ëmmer erëm an den Asatz komme kënnen. An eisem Upcycling Atelier proposéieren mir iech e flotten Austausch, e puer Ureegungen a vill Raum fir Kreativitéit.

  • Hei kanns du däi Rallye auswielen.