Formatioun

 
MeetUP - Basis Formatioun Motorsee
29. Mär 2025 09:00
29. Mär 2025 13:00
Neihaischen
9 Plaze fräi vun 10
Cheffen
Bësch, Dobaussen
D'Orazio Georges, Lahr Tom, Oldenburg Marlen

Ziler

- De Participante eng Méiglechkeet ginn, den Ëmgang mat der Motorsee ze trainéieren
- Een Abléck a verschidde Punkte ginn, déi beim schaffe mat enger Motorsee elementar sinn
- D'Sécherheet beim Ëmgang mat enger Motorsee erhéijen

Inhalt

+ Aféierung a Legislatioun:
• Geforen, heefeg Feeler an eventuell rechtlech Suiten
+ Technesch Detailer vun enger Motorsee :
• Sécherheet-relevant Equipement an Entretien
• Eventuell Kafberodung
+ Schutzkleedung:
• Opbau a Funktioun
• Eventuell Kafberodung
+ Sécherheet beim Schaffe mat der Motorsee:
• Ergonomie an Handling-Feeler vermeiden
• Sécherheet betreffend Grond-Reegelen
• Praktesch Schneid- Übungen um leienden Holz

Beschreiwung

Bei dëser Formatioun kritt een een Abléck a verschidde Punkten, déi beim schaffe mat enger Motorsee elementar sinn, wéi z.B. Geforen, heefeg Feeler an eventuell rechtlech Suiten, Technesch Detailer vun enger Motorsee, Schutzkleedung an den Thema Sécherheet.
Wichteg:
Jidderee muss eng Motorsee a eng komplett Schutzkleedung matbréngen:
- Helm mat Visière oder Schutzbrëll a Gehéierschutz
- Schnëttschutzbox
- Sécherheet-Schong, wa méiglech mat Schnëttschutz
- Eventuell perséinlechen éischt Hëllef Kit

Fir dëst Formatioun muss een eng Mindestalter vun 18 Joer hunn.

Nieft engem Paddel kann och ee Certificat de Participatioun ugefrot ginn.

Bezuelen

Grondpräis: gratis