Statuten
- Ugeholl um Statute-Chefdag zu Bouneweg de 15. Mee 1994
- Ofgeännert um Verbandskongress zu Gréiwemaacher den 28. September 1996
- Ofgeännert um ausseruerdentlechen Verbandskongress um Belair den 24. Oktober 2004
- Ofgeännert um Verbandskongress zu Beetebuerg den 23. September 2015
Reglementer
Fir dass eng Gemeinschaft funktionéiere kann, muss si sech organiséieren. Si muss sech Regelen ginn, déi en Zesummeliewe vun den eenzelne Member an dëser Gemeinschaft erméiglechen.
Och de Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten ass eng Gemeinschaft, déi ouni Statuten a Reglementer, ouni Administratioun a Formulairen net auskënt.
Bei den LGS ginn nei Reglementer vum Verbandscomité oder vum Verbandsrot ausgeschafft (Art. 5.1 vun de Statuten). Déi bestoend Reglementer gi regelméisseg iwwerschafft, fir se un déi aktuell Besoine vun de Guiden a Scouten unzepassen.
Déi bescht Reegelen an déi rationellst Aarbechtsweis sinn awer vu kengem Notzen, wa se net ënner de Membere bekannt sinn.
Dofir fannt dir hei déi jeeweileg Reglementer: