Membersfichier

An all Grupp gëtt et nëmmen een Administrator fir de Membersfichier. Dësen Administrator ass berechtegt déi perséinlech Donnéeë vun all Member aus sengem Grupp ze gesinn an ze änneren. Verschidde Felder, wéi d’Gültegkeet vun der Ernennung kann den Administrator vum Grupp gesinn, awer net änneren. De Membersfichier vum Grupp kann, mä muss awer net vum Gruppechef selwer geréiert ginn. De Gruppechef decidéiert wien den Administrator vun sengem Grupp ass.

Den Zougang op de Membersfichier muss all Joer nei ugefrot ginn (Formulaire F01).

NEI!

Et sinn nach e puer Funktioune beikomm,

– Et kann awer och an all Branche vun engem Group een Chef e Login matufroën. Dëse kann dann och all d’Informatioune gesinn, kann awer naischt änneren.

– en eidele Bréif mat just der Adress drop fir a Fënsterenveloppen

– den Download vun PDF Memberslëschten geet nees.

Heimat engagéieren ech mech:

  • mäi Passwuert net un Drëtter weiderzeginn,
  • d’Donnéeën (Adressen, Gebuertsdatum, E-mail Adressen) net un Drëtter weiderzeginn,
  • d’Donnéeën (Adressen, Gebuertsdatum, E-mail Adressen…) nëmmen am Kader vu Guiden- a Scoutsaktivitéite vu mengem Grupp ze benotzen.

Am Fall vun engem Abus gëtt de Konto direkt gespaart.

Erstellen vun Requêten am Membersfichier

Wann dir net wësst wei oder Problemer mat den Requêten hutt, fannt der hei en Video mat 2 Beispiller

http://www.youtube.com/watch?v=970JNilyrkg